LU - FR - EN
Aktuell
Concert um Veiner Schlooss


E Sonndeg 21. Abrëll triede 4 Chéier zu Veianen um Schlooss op, jiddferee presentéiert seng Fréijarsblummen, an zesumme gëtt dat e fäerwege Melodiebouquet, eng Zäitreess duerch Klassik a Pop.

Mat derbäi sinn:
  ♠ d'Chorale Trinitaire Veianen
  ♠ d'Chorale Ste. Cécile Buerschent
  ♠ d'Chorale Caecilia Walfer
  ♠ de Sängerbond Helvetia Tandel

Informatiounen a Billjéeë kritt een op https://castle-vianden.lu ,
um Telefon 83 410 81 oder per E-Mail op caisse@castle-vianden.lu
Dës Säit schafft mat Cookien!   D'accord   ech refuséieren