LU - FR - EN
Aktuell
Dräi-Kinneks-Concert


De Sängerbond Helvetia Tandel invitéiert op säin Dräi-Kinneks-Concert ënnert dem Motto »Gaudeamus Hodie« (Loost eis haut frou sinn).

Mir begréissen als Gäscht de Guitarenensemble vun der Diddelénger Musiksschoul mat hirem Dirigent Jean-Yves Lorenzi.

Dës freedeg Stonn mat Gesank a Musik kënnt Dir materliewen
e Samsdeg 11. Januar um 20:00 Auer zu Branebuurg an der Kierch.

De Sängerbond HELVETIA séngt ënnert der Direktioun vum Serine Khachatryan.
Mir gi begleet op der Uergel vum Roger Recht
an um Cello vum Charel Rosselet

Den Entrée ass fräi.